NEW

De Leo an den Oktopus

Kannerbuch: Léo an der Kraken, Editioune Binsfeld

De Leo an den Oktopus
Bild vergréisseren

De Leo an den Oktopus

1 Stéck
·
16.00€/Stéck
Made in LuxLU
16.00 €
Beschreiwung

De Leo an den Oktopus erzielt d’Geschicht vum klenge Leo, deen Autismus huet, wat him déi alldeeglech Kommunikatioun mat senge Matmënschen erschwéiert.
Enges Daags geet hien an den Aquarium a kritt do d’Maya virgestallt: een Oktopus. Bis dohi wousst de Jong wéineg iwwert dës Mieresbewunner, mee wëssbegiereg, wéi en ass, liest en, wat e fanne kann. A schlussendlech plangt e souguer ee festen Dag an der Woch fir d’Maya an – Freides ass elo Oktopusdag! D’Maya gräift dem Leo mat sengen aacht Tentakelen ënnert d’Äerm, fir sech an der Welt zurecht ze fannen an erméiglecht him eppes, wat hien ni fir méiglech gehalen hätt: den Ufank vun enger Frëndschaft.

Eegen Erfarungen hunn d’Isabelle Marinov zu dëser emouvanter Geschicht iwwert déi deeglech Stréckfale mat Autismus inspiréiert an dem Chris Nixon seng Illustratioune loossen Iech fërmlech an d’Säiten andauchen.

Zesumme mam Martine Schoellen huet d’Schrëfststellerin d’Buch aus dem Engleschen an d’Lëtzebuergescht iwwersat

Keng Allergènen

Kontrolléiert w.e.g. ëmmer d'Informatiounen op den Packungen vun den Artikelen firun all Konsommatioun. D'Donnéen an d'Photoen op dëser Saït sin nët bannend.

Luxcaddy App eroflueden

Eisen Newsletter abonnéieren

Schreift iech an a sidd den éischten deen iwwer exklusiv Offeren informéiert gëtt.

Sozial Netzwierker