Wee sinn mir?

Den Jacques en ech kennen eis schon ganz laang durech en gemeinsaamt Hobby, dem Ballon fléien, deem mir schon zesummen säit 1995 noginn. Et wor awer erreischt am Joer 2000 wu mer décidéiert hun eiser béider Unternehmergeescht zesummen ze léeen an zesummen Projeten op d'Been ze stellen. Een dovunner wor dun am Joer 2007 den Lancement vun "epicerie.lu", waat spéider dun am Joer 2012 zu Luxcaddy.lu gin ass.

D'Idee vum Projet, deen sëcher nët einfach wor, wor ët en ganze neien Service zu Lëtzbuerg ze starten: den Supermarché iwwer Internet.

Mir woren domadden di éischt zu Lëtzebuerg déi sou en Genre vun Service ugebueden hun, an konnten säitdeem eis Positioun als Leader um Marché erfollegräich verteidegen, och wann an tëschenzäit d'Konkurrenz op dësem Terrain ëmmer mi grouss gëtt.

Mee mir wollten nët nëmmen daat gréissten an qualitativsten Sortiment ubidden, mir wollten och en maximum un lokalen Produkter matt dobai hun: Missioun erfëllt, an daat matt nët manner wi 20 lëtzebuerger Producteuren di eis an deenen läschten Joeren begleed an ennerstëtzt hun.

Jacques Lorang
Grënner
Responsable Technique
Georges Kraft
Grënner
Gestionnaire de société

Luxcaddy App eroflueden

Eisen Newsletter abonnéieren

Schreift iech an a sidd den éischten deen iwwer exklusiv Offeren informéiert gëtt.

Sozial Netzwierker