Geschicht

Juni 2017

Zesummen mat eiser "Famill" hunn mir eist 10 järegt Bestoen vun Luxcaddy gefeiert. En riesen Merci un all eis Clienten an un eis super Equippe. Luxcaddy 10 ans

Juli 2015

D'Chambre de Commerce, vertrueden duerch hiren Directeur Générale, Mr Carlo Thelen, op Besuch an eisem Betrieb.

Merkur Merkur

Mee 2015

Opgrud vun eisem Wuestum, woren mir nees geszwongen an mir en grousst an bessert Lokal zu Kielen ze plenneren. (750 m2, Paletten-Rack'en an Gabelstapler)

März 2015

Luxcaddy ass Membre Fondateur vun der "fédération luxembourgeoise du e-commerce" (Ecom.lu), ennert dem Daach vun der CLC.

August 2014

Nodeems eisen Bäcker "Freiderich" seng Aktivitéiten agestallt huet, haaten mir déi Chance den "Mâitre Pâtissier Yves Rieffer" als neien Partner gewannen ze kennen. Matt engem Sortiment vun méi wéi 400 Artikelen, konnten mir eis Offer esuguer nach vergréisseren.

Oktober 2012

Eng ganz Rei vun Optimiséierungen an eng stéteg Verbesserung vun eiser Logistik hun ët eis erlaabt, als éischten Internet Supermarché zu Lëtzebuerg, all eis Liwwerungen am ganzen Land absolut GRATIS unzebidden.

März 2012

Eisen Fuerpark ass komplett matt Mercedes Camionnetten erneiert gin, fir méi zouverlässeg an ecologesch ze liwweren.

Oktober 2011

Eng nei Partnerschafft matt der Metzlerei vun der "Coopérative de Bonnevoie", an bessi mi spéit och nach matt der Metzlerei "Kirsch", huet et Luxcaddy erlaabt sain Fleeschrayon zum dem gréissten an komplettsten Fleeschrayon a ganz Lëtzebuerg ze maachen.

Mee 2011

Matt enger Equipp vun 7 Leit, engem Fuerpark vun 4 Frigo-Camionnetten an engem Sortiment vun iwwer 4000 Artikelen hun mer dun opgrond vun Plaatzmangel missen aus eisem klengen Laager zu Märel an mir en grousst an besser adaptéiert Gebai zu Holzem bei Capellen plënneren. (Chiffre d'Affaire 2011 +/- 1 Millioun €)

Dezember 2010

Luxcaddy entwéckelt sain eegenen "live tracking" System fir seng camionnetten. Dësen System erlaabt ët eis d'Positioun vun eisen Liwwerlait zu all Ament ze gesinn an hëlleft eis sou eis Liwwerungen ze optimiséieren an eisen Service ze perfectionnéieren.

Februar 2010

Epicerie.lu gëtt Luxcaddy.lu

Fir sech besser op di kommend Besoinen an Errausfuerderungen anzestellen, hun mir décidéiert fir eisen Site ënnert engem aaneren Numm ze présentéieren: Luxcaddy.lu, en Numm deen einfach ze verhaalen ass an besser zu deem emmer mi grousse Projet passt.

Juli 2009

Fir deenen sëllëschen Ufroen vun sengen Clienten gerrecht ze gin, lancéiert "epicerie.lu" säin eenzegaartegen BIO-Rayon, matt Artikelen aus biologëschem Ubau.

Abrëll 2009

Am Ufank just op d'Stadt an Emgéigend limitéiert, vergréissert "Epicerie.lu" sain Liwwerrayon bis op d'Grenzen vum Grand-Duché fir also lo d'ganz Land ze beliwweren.

Oktober 2008

No engem décke Joer Rodage an onzielegen Verbesserungen, stellt "Epicerie.lu" sain eéischten Mattaarbeschter (Liwwerjong) an fir deenen villen Commanden nach meeschter ze gin.

Abrëll 2007

Hello world

No knapps engem Joer Préparatiounen geet deen éischten "E-commerce" Site fir Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ennert dem Numm "epicerie.lu" online. Matt nëmmen enger Frigo-Camionnette an kengem Personal ausser deenen zwee Grënner Georges a Jacques. (Chiffre d'Affaire am éischten Joer: 95.000 €)

De lancement vun "epicerie.lu" haat en groussen Interessi bei den lëtzebuergeschen Medien:

Lëtzebuerger Wort Lëtzebuerger Wort
Télécran Télécran
Tageblatt Tageblatt

Luxcaddy App eroflueden

Eisen Newsletter abonnéieren

Schreift iech an a sidd den éischten deen iwwer exklusiv Offeren informéiert gëtt.

Sozial Netzwierker